Wann? Sonntag 27.04.202517:00 Uhr

D`Melusinnen

Wo? 145, Route de Trèves, L-6940 Niederanven Theater, Film & Shows

Cabaret

Wéi sollt d'Melusina sech fillen, wann et haut liewe géif? Wär hatt eis Grand-Duchesse oder éischter eng Influencerin, déi eis Massage-Ueleg verkafe wéilt?

.

Wie wär säi Sigfrid? Den Heng, de Xav, de Serge Tonnar oder iewer de Flavio Becca? An eigentlech hätt et schonn deemools vill léiwer de Sigfrid aus der Nibellungeso gehat, dee géint d'Draache kämpft an ee reegelrechte Playboy war, wéi säi Langweiler vu Feelen, deen him eng ongehëtzt Buedkummer als Prisong op engem verloossene Fiels gebaut hat. Oder wär säi Sigfrid um Enn dach éischter ee Sigfrida?

A ganz bestëmmt wéilt hatt och net just all 7 Joer eng Kéier opdauchen a verzweifelt op een Erléiser hoffen, mee hatt wéilt säi Liewen a vollen Zich genéissen, sangen, danzen a feieren an ni méi un d'Verspriechen an un d'Schwier vun de Männer gleewen.

Am Joer 2024 brauch Lucilinburhuc definitiv ee Fraekabaret, deen op der Héicht vun der Zäit Stellung zu der Lag vun eiser Bommeleeër*innen-Natioun hëlt. D'Melusinnen erfëllen mat sprëtzeg-frechem Sproochwitz an enger gewoter, feminin-feministescher Büneshow all Är geheimste Wënsch an wëllsten Dreem.

 

Et spillen: Véronique Kinnen, Noémie Leer, Géraldine Posing, Isabel Bib Wolff

.

Texter: Josiane Kartheiser, Christiane Kremer, Noémie Leer, Roland Meyer

Musik: Noémie Leer a Georges Urwald

Regie: Roland Meyer

Preisinformation
ab12,00€
Ticket buchen
ab12,00€
© echo.lu
Die nächsten Termine
Sonntag 27.04.202517:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Kulturhaus Niederanven
145, Route de Trèves
L-6940 Niederanven
Auf Karte anzeigen
© echo.lu

D'Mina an d'Stärefra - Wann d´Stäre fonkelen

Theater mit Musik - Catherine Hengesch, Jenny Spielmann & Trio Dora, Lynn Menster
Mehr erfahren
© echo.lu

Poetry Slam Luxembourg Open Air

Moderiert von David Friedrich
Mehr erfahren
© echo.lu

Momo, den Zirkusjong

Erzielconcert - United Instruments of Lucilin (LU)
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.