Hexenderby
Fuesbal
D’Klengbettener Musek invitéiert erëm op hiren traditionelle Fuesbal, den "Hexenderby", Samschdes, den 22. Februar zu Klengbetten am Musekssall (2a, rue du Moulin). Fir déi perfekten Danzmusek suergt den Orchester Ever Dance mam Yves Schmartz a Marco Rech. Lass geet et um 21h an d’Danzbee ka bis 3 Auer geschwonge ginn.
Niewent der berüümter Hexenderby-Sangria, gëtt et och Gegrills.
Virverkaf: 8€ (bei de Membere vun der Harmonie Klengbetten)
.
Oweskeess: 12€
Parking: Klengbettener Gare.
Weider Informatiounen op www.hklb.lu..
Org. Harmonie Kleinbettingen asbl