Konferenz iwwer d'Ierfrecht
Org.: Commune de Lorentzweiler
KONFERENZ IWWER D'IERFRECHT (SUCCESSIONS)
.
- Bei engem Stierffall gesinn d'Familljememberen sech confrontéiert mat enger Rei vun administrativen Demarchen: Acte de notoriété, Ierfschaftserklärung, Certificat d'exemption, asw. Wat genee dat ass, firwat een et brauch a wat den Inhalt vun dësen Dokumenter ass erkläert d'Maître Mireille Hames, Notaire vu Miersch méi am Detail.
- Och gëtt déi legal Devolutioun vun enger Ierfschaft presentéiert, wéi eng Forme vun Testamenter et gëtt an op wat ee muss oppasse wann een en Testament well schreiwe fir dass e gülteg ass.
.
Sprooch: Lëtzebuergesch mat Simultaniwwersetzung op Franséisch
D'Notaire äntwert no hirer Présentatioun op Froen.
Fräien Entrée, eng Umeldung ass net noutwendeg.
www.lorentzweiler.lu