Lieshond-Café
Liesen fërderen mat Hëllef vun engem Hond
Lieshënn ginn ëmmer méi beléift, an dat net ouni Grond: Studien ënnersträichen de positiven Effekt dee Lieshënn op Kanner hunn, sief et op d’Lieskompetenz, d’Selbstvertrauen oder d’Freed um Liesen.
Eis Hënn sinn ausgebilte Lieshënn a «lauschteren» dem Kand beim Virliesen no, ënnerstëtzt gëtt dat ganz mat Liesspiller bei deenen den Hond deelhëlt an sou zousätzlech motivéiert.
D’Eltere kennen hier Kanner ab 14h fir ee Lieshond-slot vun 30 Minutten aschreiwen. Wärend d’Kand liest, kréien d’Elteren Tipps zur Liesfërderung a Liestipps matgedeelt.
<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=lieshond-cafe-TM8Wb-&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.Beim Lieshond-Café si keng extern Hënn erlaabt. Bicher zum Virliese ginn et op der Plaz a mussen net matgeholl ginn.
OPGEPASST: Wann Dir un engem Lieshond-Café deelhuele wëllt, sidd Dir gebieden virdrun eis Kickoff-Kenneléierveranstaltung „Hondsführerschäin fir Famillen“ besichen. Dës fënnt den 22. Novemberstatt.
Eintritt.: Gratis
Adresse: Eltereforum Niederanven, Centre de Formation "Am Bongert" (128 Rte de Trèves
L-6960 Senningen Niederanven)
Information: info@ewb.lu
Trainer*in: Leslie Fischbach
Zielgruppe: Kanner (8 – 12 Joer) an hier Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, Nanny, … )
Dëst Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …
A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.