WANTERCONCERT
Mierscher Musek Jugendensembel vun der Mierscher Musek Musikverein Forbach (D)
D’Mierscher Musek, zesumme mam talentéierte Jugendensembel, invitéieren iech wéi all Joer op hiren traditionelle Wanterconcert.
<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=wanterconcert-dnxvkr&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.Chrëschtdag steet virun der Dier! Dat mierkt een och um Programm mat Chrëschtdagsmusek, ënnert anerem vum amerikanesche Komponist Leroy Anderson. Nieft besënnlechen Téin gëtt et schmasseg Originalmusek fir Blosorchester a südamerikanesche Flair.
Am zweeten Deel vum Owend freet sech d’Mierscher Musek laangjäreg Frënn aus dem Schwarzwald ze begréissen. No 2011 an 2019 ass et déi drëtt Kéier, datt de Musikverein Forbach de Wee an de Mierscher Theater fënnt. Ënnert der Leedung vum Dirigent Sascha Eisenhut bidden déi ronn 50 Forbacher Musikant·innen iech een ofwiesslungsräiche Programm mat sécher där enger oder anerer Iwwerraschung.
--
Besetzung
.Direktioun Jugendensembel a Mierscher Musek:
Ben Brosius
Direktioun Musikverein Forbach:
Sascha Eisenhut