D'Gëlle Fraen
D'Gëlle Fraen
Âge: 14+
Durée:
D'Gëlle Fraen si 4 jonk Dammen aus Lëtzebuerg déi hire Publikum duerch ënnerhalsam Musek, vermëscht mat Vaudeville-Elementer wéi Pantomime a Slapstick an déi wëll a geckeg 20er Joeren zeréckversetzen. Dës Musek strotzt vu Liewensfreed, ass frech a sprëtzeg a geet vu Walzer iwwer Ragtime bis hin zu Moudedänz aus der Zäit. D'Pantomime ënnersträicht dobäi de Sprong an déi uereg Zäit vun de Stommfilmer. E Programm fir d'ganz Famill.
Saxophone: Nadine Kauffmann
Piano: Lynn Orazi
<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=d-gelle-fraen-dPi6kh&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.Percussion: Nancy Schlammes
Pantomime & Slapstick: Martine Conzemius